arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Rising Star um Accordeon
Den Accordeon huet an de leschte Joren nees u Popularitéit gewonnen, dëst virun allem duerch eng Partie Virtuosen, déi an der Klassik an am Jazz dem Instrument en neien Image ginn. De João Barradas, 27 Joer, gehéiert mëttlerweil zu de Virtuosen aus der jonker Generatioun, déi onermiddlech den Accordeon a ville Musekssparte promovéieren. Hien ass muer den Owend (12.2.2020) mat sengem Quintett an der Concertsserie Rising Stars am Kammermusekssall vun der Philharmonie.