Duerch dem Peter Shaffer säin Theaterstéck "Amadeus" krut de Wolfgang Amadeus Mozart vill Sympathie. Par konter gouf dem Antonio Salieri seng Reputatioun komplett ruinéiert. Déi supposéiert Jalousie a Rivalitéit tëschent Mozart a Salieri ass reng Spekulatioun awer en immens interessant Theema fir op d'Bün. "Amadeus" vum Peter Shaffer hat elo zu Saarbrécken am Staatstheater Première a bleift op der Affiche bis an de Juni eran.
arrow_back_ios