Klassik aktuell
Net um halwe Wee stoe bleiwen
De Gustavo Gimeno, de Chefdirigent vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, huet säi Kontrakt bis 2025 verlängert. Dat hunn d'Kulturministesch Sam Tanson, de President an Direkter vun der Philharmonie, Pierre Alhborn a Stephan Gehmacher, an de Maestro gëschter Owend kuerz virum Concert mat der Geiistin Patricia Kopatchinskaja annoncéiert. 2015 hat dee gebiertege Valencianer d'Successioun vum Emmanuel Krivine un der Spëtzt vum OPL iwwerholl. Den aktuelle Kontrakt mam Gustavo Gimeno, dee vun der Saison 2020/2021 un och Music Director vum Toronto Symphony Orchestra ass, wier bis 2022 gelaf.