Klassik aktuell
Victoires de la musique classique am Arsenal
D'Victoires de la Musique ass a Frankräich déi warscheinlech populäerste Zeremonie, bei där Museker fir hir Aarbecht geéiert ginn. Et ginn och déi sougenannte Victoires de la Musique classique, déi an der Spart Klassik immens wichteg sinn. D'Editioun 2020 ass dëse Freideg 21. Februar zu Metz am Arsenal. D'Zeremonie gëtt iwwer France Musique an den Televisiounssender France 3 iwwerdroen. Nieft de ville Gäscht aus der Klassik, ass op der Bün den Orchestre National de Metz ënner der Direktioun vum David Reiland.
De Manuel Ribeiro huet sech mat der Direktesch vum Arsenal, der Florence Alibert, ënnerhalen.