arrow_back_ios
Klassik aktuell
Barock vum Feinsten
Ee vun deene grousse Meeschteren aus dem franséische Barock ass de Jean-Philippe Rameau. Seng Oper "Pygmalion" gehéiert zu deene schéinste a wichtegsten aus der Mëtt vum 18. Joerhonnert. Complémeantaire zu dëser Oper ass "L'Amour et Psyché" vum Mondonville. Béid Wierker ginn dacks an enger Soirée opgefouert, wéi de 27. an 29. Februar 2020 am Stater Theater. Interpreten sinn den Ensembel Le Concert d'Astrée a seng Dirigentin Emmanuelle Haïm.