Klassik aktuell
Trombone Festival 2020
D'Trombonn ass en Instrument mat enger faszinanter Klangfaarf, déi an deene leschte Joerzéngte an der Klassik wéi am Jazz méi eng wichteg Roll spillt. Déi weltbescht aus dem Fach treffe sech vum 5. bis den 8. Mäerz zu Saarbrécken an der Musekshéichschoul fir den IPV (Internationale Posaunenvereinigung) Trombonefestival 2020. Um Programm stinn e Concours iwwer e puer Deeg, Ausstellungen, Workshoppen a Concerten. Ee vun den Organisateuren de Fabrice Millischer, bekannte Solist a Pedagog zu Freiburg op der Musekshéichschoul.