Klassik aktuell
Dido and Aeneas
D'Oper "Dido and Aeneas" gëtt als e richtegt Monument aus dem Barock ugesinn, eng vun deene éischten Operen aus der Museksgeschicht, en Drama, an deem et ëm Léift geet op Basis vun engem historesche Kontext. D'Mierscher Kulturhaus presentéiert vum 27. bis 29. Februar eng Lëtzebuerger Produktioun vum Henry Purcell sengem Wierk. Mat derbäi sinn den Ensemble vun der Chapelle Saint-Marc vu Longsdrëff an den Ensemble Vocal du Luxembourg. An den Haaptrollen stinn op der Bün d'Katrin Lena Heles an de Peter de Laurentiis.