arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Ballet fir de Beethoven
All Saison sëtzt den Orchestre de Chambre du Luxembourg an der Fosse vun der Opéra Metz Métropole. "Indicible Beethoven" heescht eng Haus-Kreatioun als Ballet, an där de Choreograph Gilles Schamber op Stécker vum däitsche Meeschter seng perséinlech Vue op de Komponist duerstellt. Zäitgenësseschen Danz, kombinéiert mat Musek aus dem Ufank vum 19. Joerhonnert ass fir de fréiere Solodänzer vum Maurice Béjart net inkompatibel. "Indicible Beethoven" steet op der Affiche vum Metzer Operenhaus vum 6. bis den 8. Mäerz 2020.