arrow_back_ios
Europa Aktuell
5G: Oflauschteren ass net a Fro gestallt
Wéi sécher ass 5G - zum Beispill, wann et drëm geet, Handysgespréicher ofzelauschteren? Vläicht ze sécher, hat d'Procureure générale d'Etat Enn Januar op eiser Antenn gesot a viru Sécherheetsrisike bei 5G gewarnt.
Et géif konkret de Risiko bestoen, datt mat där neier Technologie keng Verdächteger méi kënnen ofgelauschtert ginn, sou d'Martine Solofieff. Dee Verdacht kënnen Experten awer net confirméieren. D'Méiglechkeet ofzelauschteren wier net a Fro gestallt, soe si. Detailer vum Danièle Weber.