arrow_back_ios
Klassik aktuell
Extrem theatral an déif expressiv
E Sonndeg (8.3.2020) steet zu Jonglënster an der Kierch dem Johann Sebastian Bach seng Johannespassioun um Programm. Et ass en theatraalt an expressiivt Wierk mat engem ganz aspektakulären an onwarscheinlech déifgrënnege Schluss, seet de Pierre Nimax jr.. Hien dirigéiert bei der Opféierung de Choeur de Chambre vum Stater Conservatoire, de Kannerchouer Pueri Cantores an den Ensembel D'Arco.