arrow_back_ios
Klassik aktuell
Bach in the Subways
"Aller Anfang ist Bach", och dat kéint de Slogan vum 21. Mäerz 2020 sinn. Bach in the Subways ass eng Initiativ fir engem méiglechst breede Public dem Bach seng Musek grad um Gebuertsdag vum Komponist (21.3.1685) méi nozebréngen - dat op ongewinnte Plaze wéi am Tram, an der Nationalbibliothéik, awer och an enger Partie Kierchen an am grousse Studio vum radio 100,7. Detailer iwwer dësen Event verréit de Rosch Mirkes, ee vun den Organisateuren vu Bach in the Subways. Hien ass dem Manuel Ribeiro säin Invité am Studio.