Klassik aktuell
De Bonner Meeschter zu Esch
Den 250. Gebuertsdag vum Ludwig van Beethoven gëtt och zu Esch gefeiert, dëse Freideg (13.3.2020) mat engem Concert am Conservatoire. Mat Pianostrioen hat de Ludwig van Beethoven seng éischt Schrëtt als fräischaffende Komponist zu Wien gemaach. Numeresch ass dës Gattung am Wierkkatalog relativ kleng am Verglach mat de Sträichquartetter an de Pianossonaten. Musikalesch sinn et allerdéngs Schwéiergewiichter, besonnesch déi spéit Wierker Opus 70 an Opus 97, déi am Escher Conservatoire vum Trio Velislava Taneva (Gei), Benjamin Jupé (Cello) an Uwe Brandt (Piano) gespillt ginn.