Klassik aktuell
André Jolivet rebelote
Eng Intégrale mat der Musek vun engem Komponist, dee selwer net Flüttist war, fir d'Instrument awer eng besonnesch Sympathie hat, dat huet d'Hélène Boulègue, Musekerin am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, besonnesch gereizt. Am Laf vum Disk-Projet huet d'Hélène Boulègue de Personnage André Jolivet besser kennegeléiert - e Mënsch, dee sech fir Villes interesséiert huet, deen op war fir nei Iddie - e Charakterzuch, deen d'Flüttistin ganz besonnesch schätzt. Iwwermuer kënnt den zweeten Disk mat Wierker fir Flütt vum André Jolivet eraus.