arrow_back_ios
Klassik aktuell
Schütz et son héritage
Déi fréi Barockmusek ass de Répertoire vum belschen Ensemble inAlto, deen en nächste Sonndeg (15.3.2020) am Kader vun de Rencontres musicales de la Vallée de l'Alzette zu Kolmerbierg spillt. Am Mëttelpunkt vum Programm steet eng Generatioun vu Museker, déi duerch d'Schoul vum Dresdner Komponist Heinrich Schütz gaange sinn.