arrow_back_ios
Klassik aktuell
Individuell a staark am Ausdrock
Si waren zu fënnef an hu sech "das mächtige Häuflein" genannt: Mili Balakirew, Alexander Borodin, César Cui, Nikolai Rimski-Korsakow a Modest Mussorgski. Mat Ausnam vu Balakirew a Rimski-Korsakow war kee vun hinnen haaptberufflech Museker. De Modest Mussorgski war Beamten an der zaristescher Administratioun an huet dorënner gelidden, datt hien net méi aus senger musikalescher Kreativitéit konnt maachen. De 16. Mäerz 1881 - nom ale julianesche Kalenner - stierft de Modest Mussorgski. De Guy Engels mat engem Portrait.