Klassik aktuell
Eeler Mënschen net eleng loossen
D'Fondatioun EME - Ecouter pour mieux s'entendre - organiséiert wärend dem Joer iwwer 100 Concerten an Infrastrukturen, an deene Leit net méi esou a Kontakt mat Kultur kommen. Am Moment ass d'Situatioun nach méi komplizéiert. Fir déi méi vulnerabel Leit ze schützen, kënnen och keng Museker an Alters- a Fleegeheemer goen, fir d'Patiente mat Musek opzemonteren. Mee d'Fondatioun EME léisst sech net decouragéieren a mécht en Opruff u Museker,Videoen opzehuelen, ze posten an der Fondatioun matzedeelen. Dës Videoe sollen an den respektiven Altersheemer de Leit e bësse Freed bréngen. De Manuel Ribeiro huet mat der Direktesch vun der Fondatioun EME, der Dominique Hansen, geschwat.