arrow_back_ios
Fräie Mikro
Bleift doheem a monter
Elo musse mer e puer Méint doheem bleiwen. Och wa mer d'Noutwendegkeet vun der Moossnam agesinn: liicht gëtt dat net. Nieft dem Virus dobaussen, erwaarden eis méiglecherweis och e puer psychologesch Phenomeener dobannen. Déi sinn net wierklech geféierlech a meeschtens och séier eriwwer. Mee wann et méi laang dauert, dauere warscheinlech och d'Auswierkunge méi laang, mengt de Psychanalyst an Auteur Thierry Simonelli.