Klassik aktuell
Wie war de Franz von Suppé wierklech?
12 min
Am Mee 2020 sinn et 125 Joer, datt de Meeschter vun der Wiener Operette, de Franz von Suppé, gestuerwen ass. De Komponist huet eng Partie vu sengen erfollegräiche Stécker zu Gars am Kamp a senger Residenz komponéiert. An dëser klenger Uertschaft gëtt et e Suppé-Musée an och eng Gesellschaft. De Literaturwëssenschaftler Dr. Andreas Weigel a seng Mataarbechter hunn zwee Joer laang recherchéiert, analyséiert, Donnéeë verglach an domat eng flott an interessant Monographie iwwer de Franz von Suppé zesummegestallt. Villes iwwer de Komponist gouf nei erkannt, oder verbessert. Detailer mam Manuel Ribeiro.
Weider Informatiounen op: https://starsingars.wordpress.com/