Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Kee konnt den "R" esou rulle wéi de Pir Kremer

Kee konnt den "R" esou rulle wéi de Pir Kremer

headphones

10 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Fir Generatioune vu Leit hei zu Lëtzebuerg war et e feste Rendez-vous um Sonndeg Owend, wann et geheescht huet "Um Staminee" vun a mam Pir Kremer, dem Michel, wéi hie sech genannt huet, dem Frënd Meyer der Tata Sidonie oder dem Emelie. De Pir Kremer ass e Stéck Lëtzebuerger Geschicht, an hien huet wéi kaum en anere fäerdeg bruecht, mat enger satirescher Konnotatioun an engem ganz fäinen an ni blessante Witz d'Aktualitéit ënner d'Lupp ze huelen.

De Kréimesch Pir war e joviale Mënsch, mee virun allem awer e Satiriker an Humorist mat Häerz a Witz. E war ni béis a huet net beleidegt, wuel gepickt, an dohier och säi Kierzel, de PIK, mat deem hien och jorelaang fir d'Lëtzebuerger Revue geschriwwen huet.

De Pir Kremer huet mat senger markanter Stëmm Lëtzebuerger Radio- a Kulturgeschicht geschriwwen. Wann een de Pir Kremer an engem Spréchelche géif beschreiwen, da wär et deen: "Et kann een och eppes laachendes Monds soen, an dann ass et och gesot."

De Pir Kremer huet d'Fangeren an d'Wonn geluecht, awer ni ënner der Ceinture. Säin Auteurskolleeg Pol Pütz huet de Pir Kremer an engem Gedicht esou beschriwwen:


'T gët keen, dee Kréimesch Pir nët kennt.

Hien as e liewegt Monument.

Hien huet gepikt a repikéiert,

De Geck gemach, mee ni blesséiert.



Virun allem huet de Pir geschriwwen

Hien as dobei bescheide bliwwen.

Hien as nach haut dee Käercher Jong

Mam steiwe Buedem un de Schong


Den 28. Mäerz 2020 ass et op den Dag 20 Joer hier, datt de Pir Kremer am Alter vu 80 Joer gestuerwen ass.

De Jean Claude Majerus denkt mat engem Touncollage un den Pir Kremer zeréck.

Episoden

Fauré op CD

Fauré op CD

Den Alessandro Urbano bréngt zesumme mat der Uergel an dem Kammerchouer vun Namur dem Gabriel Fauré säi Requiem als Release eraus. Dat Ganzt a Form vun engem Live-Concert, deen opgeholl gouf.
headphones

6 min

play_arrow
Buchkritik: "Coeur" vum Thibault de Montaigu et "Un homme seul" vum Frédéric Beigbeder

Buchkritik: "Coeur" vum Thibault de Montaigu et "Un homme seul" vum Frédéric Beigbeder

Wat passéiert, wann zwee narzistesch Hedonisten eng Hagiographie iwwer de verstuerwene Papp schreiwen?
headphones

7 min

play_arrow
Dokumentarfotoen als Bréck zu Albdram änleche Bestiairen

Dokumentarfotoen als Bréck zu Albdram änleche Bestiairen

Fotokënschtler curatéiert Peinturen-Expo vu sengem Neveu.
headphones

14 min

play_arrow
No Metal In this Battle, Tvesla an Odds Ratio

No Metal In this Battle, Tvesla an Odds Ratio

Dës dräi Bands spillende Samschden zesummen an der Schungfabrik
headphones

9 min

play_arrow

Ravel + am CAPE

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert.
headphones

9 min

play_arrow
„Verboten, beschlagnahmt, geraubt“

„Verboten, beschlagnahmt, geraubt“

Claude Conter a Jean-Marie Reding vun der BnL am Gespréich.
headphones

25 min

play_arrow
Arthur Stockel a säin éischten Album

Arthur Stockel a säin éischten Album

Den 28 Joer jonke Soloklarinettist vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, den Arthur Stockel bréngt mat "Weber-Clarinet Concertos & Quintet" säin éischten eegenen Album eraus.
headphones

7 min

play_arrow
Albumrezensioun: Mogwai - The Bad Fire

Albumrezensioun: Mogwai - The Bad Fire

Den eeleften Album vun de Schotten ass zwar no der Hell benannt - ma léisst erstaunlech vill Luucht eran.
headphones

13 min

play_arrow
Theaterkritik: "Hécube pas Hécube" vum Tiago Rodrigues | © Christophe Raynaud de Lage / Festival d’Avignon

Theaterkritik: "Hécube pas Hécube" vum Tiago Rodrigues

Ee Metatheaterstéck, an deem d'Tragedie vum Euripide op Maltraitance vu Kanner stéisst.
headphones

9 min

play_arrow
Filmkritik: "Jane Austen a gâché ma vie"

Filmkritik: "Jane Austen a gâché ma vie"

Des literaresch franséisch Komedie gouf am leschte Grousse Kino beschwat.
headphones

7 min

play_arrow
D'Kultur- an d'Musekszeen an Trauer

D'Kultur- an d'Musekszeen an Trauer

De Fred Harles ass dout
headphones

5 min

play_arrow
“Wir sind wie zwei Brüder”

“Wir sind wie zwei Brüder”

Den däitsche Cellist Alexander Hülshoff kënnt fir d’zweet Kéier op Lëtzebuerg.
headphones

10 min

play_arrow
Am Gespréich mat der Jil Devresse, dem Fábio Godinho an dem Philippe Thelen

Am Gespréich mat der Jil Devresse, dem Fábio Godinho an dem Philippe Thelen

"Leuchtfeuer", inzenéiert vum Fábio Godinho, leeft dëse Weekend am Kapuzinertheater un.
headphones

13 min

play_arrow
Um Radar - ënnert der Woch

Um Radar - ënnert der Woch

Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, war Dir ënnert der Woch net verpasse sollt.
headphones

7 min

play_arrow
Lëtzebuerg Bréissel Amsterdam

Lëtzebuerg Bréissel Amsterdam

D’Hawijch Elders, den Tom Feltgen an de Sander Sittig spille fir d’zweet Kéier um Musekfestival am Schlass zu Buerglënster
headphones

11 min

play_arrow
D'Véronique Fauconnet iwwert "Sarah & Hugo"

D'Véronique Fauconnet iwwert "Sarah & Hugo"

D'Metteuse en scène iwwert déi éischt TOL-Produktioun 2025
headphones

13 min

play_arrow
D‘Jeannine Unsen presentéiert d‘Fotoserie „The four winds“ zu London

D‘Jeannine Unsen presentéiert d‘Fotoserie „The four winds“ zu London

"Breaking Boundaries" an der Londoner Brick Lane Gallery mat Lëtzebuerger Participatioun
headphones

6 min

play_arrow
Marcel Beyer am Gespréich

Marcel Beyer am Gespréich

"Die tonlosen Stimmen beim Anblick der Toten auf den Straßen von Butscha“
headphones

12 min

play_arrow

The Bear

Tëscht kulinarescher Konscht an emotionalem Chaos – eng Serie, mat vill Intensitéit an nach méi Potential.
headphones

6 min

play_arrow
Prix littéraires: "Les âmes féroces" vun der Marie Vingtras

Prix littéraires: "Les âmes féroces" vun der Marie Vingtras

Fir hiren zweete Roman gouf d'Marie Vingtras mam Prix du roman fnac 2024" ausgezeechent.
headphones

5 min

play_arrow