arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Ikon vun der polnescher Musek
De 25. Juni 2005 gouf zu Lëtzebuerg déi 8. Symphonie - "Lieder der Vergänglichkeit" - vum Krzysztof Penderecki vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ënner der Leedung vu sengem deemolege Chefdirigent Bramwell Tovey uropgeféiert. D'Symphonie war eng Commande fir d'Ouverture vum neie Concertshaus um Kierchbierg. Gëschter (29.3.2020) ass de bedeitendste polnesche Komponist aus der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert gestuerwen.