No der "Missa solemnis" vum Ludwig van Beethoven huet de Carus-Verlag, zesumme mat der däitscher Bibelgesellschaft, en zweet Buch iwwer eng vun deene bedeitendste Sakralkompositiounen erausbruecht - dem J.S. Bach seng Matthäus-Passioun. A kompakter Form gëtt dëst Meeschterwierk aus dem historeschen, dem musekologeschen an och dem theologesche Kontext beliicht. No der Lecture lauschtert een d'Matthäus-Passioun definitiv anescht.
arrow_back_ios