Europa Aktuell
Corona-Bonds: De Gruef an der EU ass déif
Gëtt et eng europäesch Äntwert op d'Corona-Kris? Déi ekonomesch Kris ass virprogramméiert an haut beroden d'EU-Finanzministeren doriwwer, wéi eng gemeinsam Mesurë kéinte geholl ginn. Bis elo leien d'Meenunge wäit auserneen. Ee grousst Sträitwuert ass dat vun de sougenannte Corona-Bonds.
Gemengt sinn Emprunten, fir déi d'Länner aus der EU zesumme géife biergen. Déi Iddi gouf et fréier schonn, deemools huet ee vun Eurobonds geschwat. An deemools wéi haut war ee sech doriwwer guer net eens. Elo kënnt déi nämmlecht Diskussioun nees op, a si gëtt net manner emotionell geféiert. Vu Bréissel d'Danièle Weber.