Et ass engem deemools, viru bal 18 Joer, den 31. Oktober 2002 schonn ënner d'Haut gaangen, wéi d'Nouvelle koum, datt dee beléifte Lëtzebuerger Acteur René Pütz am Alter vun nëmmen 62 Joer gestuerwen wier. Mam Pütze Ren huet d'Lëtzebuerger Theaterzeen deemools ee vu senge populäerste Vertrieder verluer, ee Schauspiller a Mënsch, deen an allen Ecke vum Land bekannt war. Sief et als Schnëssert an der Revue, sief et als een Deel vum Duo Püzafaba, sief et als Stëmm vum Juppi, hien huet et ëmmer nees fäerdeg bruecht grouss a kleng un d'Laachen ze bréngen. Bal 20 Joer huet de René Pütz a sengem Hausensembel, dem Lëtzebuerger Theater, zesumme mam Fons Kontz d'Fiedem op an hannert der Bün gezunn. Haut hätt de Pütze Ren, wéi hie genannt gouf, 80 Joer kritt, een Dag fir un hien ze denken. E Portrait vum René Pütz mam Jean Claude Majerus.
arrow_back_ios
Kultur
E Liewe fir den Theater
Episoden
Film vun der Woch: "A Sad and Beautiful World"
Aus dem Libanon kënnt dëse romanteschen Drama, deen esou ambivalent ass wéi d'Liewen.
Theater. Kollektiv
D'ILL (Independent Little Lies) féieren den 30. Gebuertsdag mat engem Film.
"The Night Of"
No enger laanger Nuecht fënnt sech den Nazir op eemol am Zentrum vun engem Mordfall erëm. D'Serie erzielt eng däischter Geschicht iwwer Schold, Zweifel, Wouerecht a Gerechtegkeet.
Esou war de Rosalía Concert zu Köln
Eng ausverkaaften Arena, reliéise Kitsch an e Grapp voll Hits
The Disliked - Nei EP a Release-Concert
Zanter 23 Jore spille The Disliked zu Lëtzebuerg Punk, Ska a Raggae. De Samschdeg kënnt an de Rotonden hir nei EP "The Zoo" eraus. Ee Gespréich mam Gittarist Cedric Metz
Nuclear Paradise an der Galerie Nei Liicht
"Nuclear Paradise" ass déi aktuell Expo am Centre d'Art Nei Liicht zu Diddeleng. Hei gëtt ee vun enger ganz interessanter Selektioun u Fotoe mat an eng aner Welt geholl.
Elise Schmit - Allgemeine Zweifel am weiteren Verlauf
Eng Buchbespriechung
Lenin-Art aus dem Mudam elo am Maacher Kulturhuef
De Mudam verdeelt, fir säi ronnen 20., Konscht uechtert d’Land
D'Tapisserie vu Bayeux
D‘Tapisserie vu Bayeux ass eng Broderie, déi d‘Eruewerung vun den Englänner duerch d‘Normannen illustréiert. Elo soll si fir ee Joer zu London ausgestallt ginn.
Ian De Toffoli am Gespréich
De Laureat vum Servais-Präis iwwer säi Wierk " Léa ou la théorie des systèmes complexes" (Actes sud)
Eng Geschicht, déi elo hiren Auteur fonnt huet
Den ungaresche Schrëftsteller András Visky schreift iwwer d'Deportatioun vu senger Famill Enn de 1950er Joren a Rumänien.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Out of the Crowd: Andréck an Interviewen
Leschte Samschdeg hat de Schalltot-Kollektiv säin Out of the Crowd Festival an der Escher Kulturfabrik organiséiert. Andréck a Gespréicher mat e puer vun de Muserke:innen.
Film vun der Woch: "Gelbe Briefe"
Dem däitsche Realisateur Ilker Catak säin Drama geet ëm eng Theaterkoppel, déi an der Tierkei politesch ënner Drock geréit.
Eng Buchbespriechung: "Léa ou la Théorie des systèmes"
Eng Buchbespriechung
Servais-Präis: Jury-President Sébastian Thiltges am Gespréich
Am Gespréich mam Jury-President Sébastian Thiltges
Eternal Tango: Reunioun?
De Pit Romersa, Batteur vun Eternal Tango, erzielt um Mikro vum Marc Clement d'Hannergrënn vum Reunioun-Concert den 21. Mee op der Fête de la musique zu Keel.
Krichskaraoke fir “Ein bisschen Frieden”
Do bleift engem d’Gesangsstëmm am Hals stiechen.