Klassik aktuell
D'Solistes Européens briechen d'Saison of
D'Solistes Européens, Luxembourg spillen all Saison eng sechs Concerten an der Philharmonie. Dernieft gëtt et och tëschent véier a fënnef Kammermuseksconcerten an der Serie Camerata am Kammermusekssall. Duerch d'Coronavirus-Pandemie huet den Orchester decidéiert, de Rescht vun der Saison ganz ze sträichen. Am Ganzen fale véier Concerte ewech, zwee mat de Solistes Européens an zwee Kammermuseksconcerten. D'Solistes Européens waren déi éischt, déi wéinst der aktueller Situatioun, Concerten ofgesot hunn. De Manuel Ribeiro huet mam administrativen Direkter Eugène Prim geschwat.