Fräie Mikro
Zäit fir Decisiounen
Déi aktuell Corona-Kris kennt vill Erausfuerderungen. Selbstverständleches kënnt an d'Rutschen a Prioritéiten ännere bannen Deeg. Dobäi ass dann och d'Fro vu richteg a falsch heiansdo ënner neiem Liicht ze gesinn, éier een eng Decisioun hellt. Et ass eng Geleeënheet fir sech bewosst ze maachen, wat déi ethesch Erausfuerderungen an enger Kris sinn, mengt de Jean-Jacques Rommes, laangjärege Vertrieder vun der Bankenassociatioun ABBL a vum Patronatsdaachverband UEL an aktuelle President vum Wirtschafts- a Sozialrot.