100komma7.lu / Kultur

/ Seriekritik: Feel Good

Seriekritik: Feel Good

D'Serie "Feel Good" handelt vun zwou Fraen. D'George gëtt vun hirer Frëndin ugestachelt penibel Männer kënnenzeléieren, mam Virwand hir Vagina virum Ausdréchnen ze retten. An d'Mae ass eng bëssen onbehollef awer witzeg Stand-Up-Komikerin, déi hir Vergaangenheet an hiert lesbesch sinn op d'Schëpp hellt.



"She's like a dangerous Mary Poppins, I'm like Bart Simpson." - Mae Martin



Déi zwou Frae verléiwen sech zimmlech séier aneneen, obwuel d'George nach ni mat enger Fra eppes hat. D'verléift si fänkt natierlech mat enger Well aus Intimitéit a Glécksgefiller, an engem no-sinn, an et ass alles Rosa. Wat an dëser Serie iwwregens net ultra cheesy duergestallt ass, mee éischter spilleresch a schéin. D'George schenkt der Mae en Hausschlëssel, déi plënnert prompt bei hir an. Everyone living happily ever after. Naja.


Der Mae hir Vergaangenheet als Drogenofhängeg kënnt op an engem Skype Gespréich mat hiren Elteren eraus. D'George kritt hir Angscht net iwwerwonnen hire Frënn ze soen, datt si mat der Mae zesummen ass. An esou schaukele sech déi géigesäiteg Onsécherheeten erop. A mir kënnen nokucken, wéi sech déi zwee onbehollef awer och loving derduerch liewen.


Et geet ëm Unzéiung, ëm Onsécherheeten a verléift sinn. Ëm Ofhängegkeet vu Substanzen awer och vun Emotiounen. An, natierlech och d'Afrostellung dovunner, wie mat wiem eng Bezéiung kann hunn. D'Serie "Feel Good" ass fir d'Lara Bousch definitiv en Tipp wäert. Der Mae Martin hir Personnagë si witzeg a gläichzäiteg total onbehollef, wat si wonnerbar schéi mënschlech mécht. An et deet gutt och mol eng Kéier eng lesbesch Koppel am Mëttelpunkt stoen ze gesinn am Plaz vun deenen éiwegen hetero-normative Libesgeschichten.

Episoden

Film vun der Woch: "A Sad and Beautiful World"

Film vun der Woch: "A Sad and Beautiful World"

Aus dem Libanon kënnt dëse romanteschen Drama, deen esou ambivalent ass wéi d'Liewen.
headphones

9 min

play_arrow

Theater. Kollektiv

D'ILL (Independent Little Lies) féieren den 30. Gebuertsdag mat engem Film.
headphones

34 min

play_arrow

"The Night Of"

No enger laanger Nuecht fënnt sech den Nazir op eemol am Zentrum vun engem Mordfall erëm. D'Serie erzielt eng däischter Geschicht iwwer Schold, Zweifel, Wouerecht a Gerechtegkeet.
headphones

6 min

play_arrow
Esou war de Rosalía Concert zu Köln | © EPA/MARTA PEREZ

Esou war de Rosalía Concert zu Köln

Eng ausverkaaften Arena, reliéise Kitsch an e Grapp voll Hits
headphones

7 min

play_arrow
The Disliked - Nei EP a Release-Concert

The Disliked - Nei EP a Release-Concert

Zanter 23 Jore spille The Disliked zu Lëtzebuerg Punk, Ska a Raggae. De Samschdeg kënnt an de Rotonden hir nei EP "The Zoo" eraus. Ee Gespréich mam Gittarist Cedric Metz
headphones

11 min

play_arrow
Nuclear Paradise an der Galerie Nei Liicht

Nuclear Paradise an der Galerie Nei Liicht

"Nuclear Paradise" ass déi aktuell Expo am Centre d'Art Nei Liicht zu Diddeleng. Hei gëtt ee vun enger ganz interessanter Selektioun u Fotoe mat an eng aner Welt geholl.
headphones

4 min

play_arrow

Elise Schmit - Allgemeine Zweifel am weiteren Verlauf

Eng Buchbespriechung
headphones

9 min

play_arrow

Lenin-Art aus dem Mudam elo am Maacher Kulturhuef

De Mudam verdeelt, fir säi ronnen 20., Konscht uechtert d’Land
headphones

13 min

play_arrow

D'Tapisserie vu Bayeux

D‘Tapisserie vu Bayeux ass eng Broderie, déi d‘Eruewerung vun den Englänner duerch d‘Normannen illustréiert. Elo soll si fir ee Joer zu London ausgestallt ginn.
headphones

4 min

play_arrow
Ian De Toffoli am Gespréich | © Radio 100,7

Ian De Toffoli am Gespréich

De Laureat vum Servais-Präis iwwer säi Wierk " Léa ou la théorie des systèmes complexes" (Actes sud)
headphones

11 min

play_arrow
Eng Geschicht, déi elo hiren Auteur fonnt huet | © Michel Delage

Eng Geschicht, déi elo hiren Auteur fonnt huet

Den ungaresche Schrëftsteller András Visky schreift iwwer d'Deportatioun vu senger Famill Enn de 1950er Joren a Rumänien.
headphones

23 min

play_arrow
Nei am Kino

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
headphones

9 min

play_arrow

Out of the Crowd: Andréck an Interviewen

Leschte Samschdeg hat de Schalltot-Kollektiv säin Out of the Crowd Festival an der Escher Kulturfabrik organiséiert. Andréck a Gespréicher mat e puer vun de Muserke:innen.
headphones

11 min

play_arrow
Film vun der Woch: "Gelbe Briefe"

Film vun der Woch: "Gelbe Briefe"

Dem däitsche Realisateur Ilker Catak säin Drama geet ëm eng Theaterkoppel, déi an der Tierkei politesch ënner Drock geréit.
headphones

12 min

play_arrow
Eng Buchbespriechung: "Léa ou la Théorie des systèmes"

Eng Buchbespriechung: "Léa ou la Théorie des systèmes"

Eng Buchbespriechung
headphones

12 min

play_arrow
Servais-Präis: Jury-President Sébastian Thiltges am Gespréich | © Radio 100,7-Archiv

Servais-Präis: Jury-President Sébastian Thiltges am Gespréich

Am Gespréich mam Jury-President Sébastian Thiltges
headphones

16 min

play_arrow
Eternal Tango: Reunioun? | © Morgane Weidig

Eternal Tango: Reunioun?

De Pit Romersa, Batteur vun Eternal Tango, erzielt um Mikro vum Marc Clement d'Hannergrënn vum Reunioun-Concert den 21. Mee op der Fête de la musique zu Keel.
headphones

6 min

play_arrow
Krichskaraoke fir “Ein bisschen Frieden” | ©  Aura Satz

Krichskaraoke fir “Ein bisschen Frieden”

Do bleift engem d’Gesangsstëmm am Hals stiechen.
Teaser: Déi wonnerbar VaLibrairie

Teaser: Déi wonnerbar VaLibrairie

Dräi Bicher vu Lëtzebuerger Schrëftsteller:inne gi beschwat.
headphones

16 min

play_arrow

Love on the Spectrum

Reality-TV oder Doku-Serie? Eng Produktioun, déi Mënsche mat Autismus bei hirer Sich no Léift begleet.
headphones

9 min

play_arrow