Klassik aktuell
Groussen (U-)Klang
Ufank Abrëll hunn den Institut Européen de Chant Choral, Luxembourg (INECC) an de radio 100,7 en Opruff fir en Online-Chouer gemaach. D'Participanten hu sech doheem beim Sange gefilmt an hire Clip erageschéckt.
Vun Amateur bis Profi
Matgemaach hu souwuel Amateuren, wéi och professionell Sänger. Do dernieft ass quasi all Alterstranche vertrueden an och d'Geschlechterverdeelung entsprécht net där vun engem übleche Chouer, seet den Arend Herold.
"Normalerweis hu mir an de Chéier ëmmer de Problem, datt mir net genuch Männer hunn. Hei war dat elo guer net de Fall. Ech war ganz erstaunt a freedeg iwwerrascht, datt mer sou vill männlechen Zousproch haten."