Fräie Mikro
Jiddweree fir sech - oder dach léiwer zesummen?
No deenen zwee Weltkricher vum leschte Joerhonnert goufen international Organisatioune gegrënnt, fir de Fridden op der Welt ze garantéieren a fir Instrumenter ze schafen, déi eng international Zesummenaarbecht erméiglechen.
Haut brauche mer esou Infrastrukture méi wéi jee. Awer et gi Regierungen, déi och an Zäite vu globale Krise léiwer hir Politik eleng maachen a kee Wäert op Multilateralismus leeën.
An Zäite vun individueller sozialer Distanz plädéiert d'Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun a fréier Geschichtsenseignante, fir eng global Solidaritéit an Zesummenaarbecht.