Klassik aktuell
Den 100. Anniversaire gëtt verréckelt
Den Ensemble muncipal à plectre vun Esch/Uelzecht, deen aus Enseignanten, Studenten an Amateure besteet, hat fir säin 100. Anniversaire dëst Joer grouss Ambitiounen. En internationale Kompositiounsconcours a Concerte mat international renomméierte Soliste sinn entweder verréckelt oder momentan en suspens. De Manuel Ribeiro huet mam Juan Carlos Munoz, Chef vum Ensembel, Professer fir Mandolinn am Escher Conservatoire an op der Musikhochschule vu Saarbrécke, geschwat. De Juan Carlos Munoz ass och déi féierend Kraaft vum international renomméierten Ensembel fir Barockmusek "Artemandolin".