Covid-19 gehéiert sécherlech zu deenen Evenementer, vun deenen déi historesch Dimensioun evident ass. Mat der Plattform "covidmemory.lu" offréiert de Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) vun der Uni Lëtzebuerg jiddwerengem d'Méiglechkeet, seng Erliefnesser mam Coronavirus ze deelen a se fir zukünfteg Generatiounen zougänglech ze maachen. De Stefan Krebs, Chercheur beim C²DH, erkläert dem Claude Faber net nëmmen d'Roll vun enger participativer Geschichtsschreiwung, besonnesch bei esou Evenementer, déi eis Gesellschaft vill markéieren, mee och ganz praktesch, wéi dës Internetsäit funktionéiert a wéi ee matmaache kann.
arrow_back_ios
Aktuelles
Eng participativ Internetsäit iwwer de Coronavirus: covidmemory.lu
Episoden
Wat ännert mam Handyverbuet an der Grondschoul?
Mir hu bei verschiddenen Acteuren nogefrot.
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
