arrow_back_ios
Klassik aktuell
De Papp vum moderne Piano
All Pianist misst am Fong eng Statuett vum Bartolomeo Cristofori a sengem Studéierzëmmer stoen hunn. Ouni den Instrumentebauer vu Padua hätt en nämlech missen eppes aneschtes léieren. De Cristofori, deen de 4. Mee 1655 op d'Welt koum, huet nämlech déi wesentlech mechanesch Neierung ageféiert, déi d'Grondlag vun all Piano ass.