Klassik aktuell
De Komponist vum Mount Mee: Gabriel Fauré
De Gabriel Fauré war e Komponist, deen a Frankräich tëschent zwou Museksperiode gelieft huet: Romantik an Impressionismus. Allerdéngs ass seng Musek virun allem vu romantescher Natur, och wann hien als Direkter vum Paräisser Conservatoire vun 1905 u seng Schüler ënnerstëtzt, méi fräi an hirer Konscht ze sinn.
De Gabriel Fauré huet a sengem Repertoire eng Unzuel vu Pianoskompositiounen a Wierker fir Stëmm a Piano hannerlooss. Mee am bekanntste bleiwe seng Musek zu Pélleas et Mélisande, wéi och de Requiem.
De Luc Boentges huet mam Manuel Ribeiro iwwer eise Komponist vum Mount Mee, de Gabriel Fauré, geschwat.