arrow_back_ios
Klassik aktuell
De Saarbrécker Staatstheater a Krisenzäiten
An engem oppene Bréif un d'Staatsministerin fir Kultur a Medien, d'Monika Grütters, huet Deutsche Konzerthauskonferenz hir Suerg ausgedréckt, datt an der Corona-Kris d'Kulturhaiser net vergiess solle ginn. De Saarbrécker Staatstheater huet virun e puer Deeg gemellt, datt seng Saison 2020/21 definitiv eriwwer wier, also aacht Woche virum reguläre Schluss. Wéi den Intendant vum Staatstheater Bodo Busse et selwer schreift: "Es tut weh, ist aber notwendig".