Europa Aktuell
Dombrovskis: Restriktiounen op de Grenze bleiwen
Eng Fro, déi sech den Ament vill Leit bei eis, mee och an aneren europäesche Länner stellen ass: Wäert et méiglech sinn, an d'Ausland an d'Vakanz fueren? Muer soll d'Europäesch Kommissioun ee Pabeier mat hire Recommandatiounen dozou presentéieren.
D'Grenzen kënnen net direkt nees opgoen, huet allerdéngs gëschter schonn de Vizepresident vun der Kommissioun, de Valdis Dombrovskis an engem Interview mam Radios-Reseau Euranet Plus gesot. Et misst ee mat weideren Restriktioune rechnen.
De fréiere lettesche Premier a Finanzminister fënnt och, datt een aus dem Confinement eppes léiere kann. De Valdis Dombrovskis plädéiert dofir, d'Erfarungen, déi um digitale Plang gemaach goufen, ze notzen a verschidde Saache bäizebehalen. Vu Bréissel d'Danièle Weber