arrow_back_ios
Klassik aktuell
Wéi héich ass de Risiko beim Chouersangen?
Beim Sange géif manner Loft beweegt ginn, wéi allgemeng ugeholl gëtt, seet de Prof. Dr. Bernhard Richter vum Freiburger Institut fir Musekermedezinn. Prouwe wiere mat deene richtege Sécherheetsmoossname méiglech, virausgesat datt et de gesetzleche Kader erlaabt. De Luc Boentges huet mam Bernhard Richter iwwer Chouerprouwen am Kontext vun der Chorona-Pandemie geschwat.