Europa Aktuell
D'Grenzen an der europäescher Virusbekämpfung
An der Summervakanz an dat europäescht Ausland reesen, dat soll méiglech sinn, seet déi Europäesch Kommissioun. Si huet gëschter de Memberlänner hiert Konzept iwwer Sécherheetsmesuren an der Tourismusbranche mat op de Wee ginn. Bréissel plädéiert dofir, d'Grenze schrëttweis nees opzemaachen. Dat soll da geschéien, wann d'Ausbreedung vum Virus op béide Säite vun der Grenz agedämmt gouf.
Dat lescht Wuert doriwwer hunn awer d'Memberlänner a si maachen dovun duerchaus Gebrauch. D'Kommissioun sëtzt éischter op der Zuschauertribün. Vu Bréissel d'Danièle Weber