arrow_back_ios
Klassik aktuell
Das erste Haus am Ring
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Zanter dem 15. Joerhonnert gouf et zu Wien eng Hofkapelle, bei déi spéider och nach d'Hofoper koum. Béid Institutioune sinn de Grondsteen fir de legendäre Kärnterthor-Theater a schliisslech en neit Gebai, dat am Ufank ganz einfach "Neues Haus" genannt gouf. De 25. Mee 1869 geet dëst neit Haus op. Haut ass "Das erste Haus am Ring" eent vun deene bedeitendsten Operenhaiser: d'Wiener Staatsoper.