arrow_back_ios
Klassik aktuell
Den CD-Marché wäert net deeselwechte si wéi nach am März
Vill Branchë vun der Musekszeen si vun der aktueller sanitärer Krise betraff, bei Kënschtler a ville Beruffer, déi ronderëm déi klassesch Musek dréien, gëtt et eescht Existenzängscht. Dat zielt och fir den CD-Marché, bei deem d'Konsequenze vun de stornéierten Opname mëttelfristeg d'Produzenten treffen a laangfristeg de Marché wäerte veränneren.