arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Villche fir de Mozart
Vill Komponisten hu sech fir hir Wierker u Villercher inspiréiert. Dat geet vum Olivier Messiaen, deen ee quasi als Ornitholog beschreiwe kann, bis bei de Jean Philippe Rameau, deen an engem Wierk fir Cembalo en Hong op eng witzeg Aart a Weis portraitéiert huet. An och beim Wolfgang Amadeus Mozart soll et ee bestëmmte Stéck ginn, fir dat hie sech un engem ganz besonnesche Vull inspiréiert huet.