Europa Aktuell
Wéi gréng a wéi sozial ass den EU-Hëllefsprogramm
Mat 750 Milliarden Euro wëllt d'EU der europäescher Ekonomie ënner d'Äerm gräifen. D'Kommissioun huet gëschter hir Propos fir ee Fonds de Relance op den Dësch geluecht. Zwee Drëttel vun deene Suen sollen a Form vu Subside fléissen - eng Iddi, déi awer nach zimmlech ëmstridden ass.
Et wier net nëmmen ee Konjunkturpak, duerch deen d'Wirtschaft nees ugestouss gi soll, mee och ee Pak, deen d'Wirtschaft an der EU soll ëmbauen - méi ekologesch a méi sozial, esou d'Kommissioun.
Wéi gréng a wéi sozial ass dann elo de Plang, deen d'Kommissioun proposéiert?
Doriwwer schwätze mer elo mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber: