arrow_back_ios
Klassik aktuell
Komponist a Pädagog
Grad ewéi d'Festlechkeete fir den 250. Gebuertsdag vum Ludwig van Beethoven, sinn och d'Feiere fir den 125. Gebuertsdag vum Carl Orff ëm e Joer verréckelt ginn: de Beethoven, de grousse Meeschter aus der fréier Romantik, de Carl Orff , e vun deene bedeitendste Komponiste vum 20. Joerhonnert. De Carl Orff huet d'Form vum musikalesche Bühnestéck nei definéiert, en huet mat sengem Konzept vum Rhythmus als Essenz vun der Kreativitéit d'Musekspedagogik reforméiert.