arrow_back_ios
Klassik aktuell
Virtuosin op der Glasharmonika
D'Muséeë si voll vu Museksinstrumenter, déi iergendwann eng Kéier an der Moud waren a fir déi och Partiture geschriwwe goufen. U sech ginn et der nëmme wéineg, déi et och bis haut gepackt hunn a nach gespillt ginn. Eent vun deenen Instrumenter ass d'Glasharmonika, fir déi et nach eng Partie Spezialisten gëtt. Zu Zäiten vu Mozart a Beethoven gouf et eng richteg Virtuosin op der Glasharmonika: d'Marianne Kirchgessner. Si ass op e 5. Juni 1769 gebuer, virun 251 Joer. De Manuel Ribeiro erkläert.