Europa Aktuell
Europa Aktuell: Am beschten doheem bleiwen
Haut machen d'Innenministeren aus der EU e neie Versuch, d'Ouverture vun de Grenzen am Schenge-Raum ze koordinéieren. Et geet drëms, sech géigesäiteg iwwert Mesuren ze informéieren, déi op nationalem Niveau gehol goufen.
Do ass effektiv an de leschten Deeg sou Mueneges geschitt. An et ass guer net esou einfach, den Iwwerbléck ze behalen. Eng Koordinatioun op europäeschem Niveau schéngt ëmmer méi schwéier ze ginn.
D'Danièle Weber iwwert déi neisten Entwécklungen op den europäesche Grenzen