arrow_back_ios
Klassik aktuell
En Adept vun der "Petite reine"
Säin Numm héiert een dacks a Kombinatioun mat anere franséische Komponiste vum Enn vum 19. Joerhonnert. Haut gëtt dem Ernest Chausson seng Musek nëmme seele gespillt. Eng Partie vu senge Kammermusekswierker sinn typesch Concoursstécker fir Examen, den Ernest Chausson huet awer a sengem kuerze Liewe vill aner flott Wierker geschriwwen. De Chausson sollt den 10. Juni 1899 mat nëmme 44 Joer bei engem Vëlosaccident ëm d'Liewe kommen.