Fräie Mikro
Et gëtt Zäit fir en neie Regierungsprogramm
De Michel Pauly, Senior-Professer op der Uni Lëtzebuerg a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum, iwwerleet, wat néideg ass fir no der Corona-Kris och d'Klimakris an d'Biodiversitéitskris an de Grëff ze kréien.
Nodeem d'Covid-19 ofgeflaut ass, gëtt et héich Zäit sech ëm d'Klimakris ze bekëmmeren, déi soss vill méi uerg Konsequenze wäert hunn, wéi dat wat mer an de leschte Méint erlieft hunn.
D'Zäitschrëft forum huet an der Juni-Nummer e ganze Programm zesummegestallt, wat néideg wier, fir d'Ekonomie resilient ze maachen an domat d'Iwwerliewe vun der Äerdkugel ze sécheren.