arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Strauss, Richard, Kapellmeister"
"Strauss, Richard, Kapellmeister" - dat war dem Richard Strauss seng Visitekaart. Kee Wuert, datt en am Fong schonn zu Liefzäiten de bedeitendsten däitsche Komponist war. De Richard Strauss huet sech vrun allem als Museker consideréiert, a fir säin Enkel, deen och Richard heescht, war en e Grousspapp wéi anerer. Den 11. Juni 1864 gëtt de Richard Strauss zu München gebuer.