arrow_back_ios
Europa Aktuell
Fake News an der Corona-Pandemie: Bréissel wëllt méi Transparenz
D'Corona-Pandemie gouf begleet vun enger massiver Well vu Fake News. Dat huet déi europäesch Kommissioun festgestallt. Bréissel seet och, datt extern Acteure probéiert hunn, sech an intern EU-Debatten anzemëschen. Plattformen wéi Google, Facebook oder Twitter musse méi transparent ginn, heescht et dowéinst a Richtlinnen, déi gëschter presentéiert goufen.
D'Danièle Weber informéiert.