arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Oper iwwer e Komponist
Datt dem Hans Pfitzner seng Oper "Palestrina" haut nëmme wéineg gespillt gëtt, huet mat der Sympathie, déi de Komponist der Nationalsozialistescher Partei an Däitschland gewisen huet, ze dinn. Allerdéngs war et grad dee bekannte jüddeschen Dirigent Bruno Walter, deen 1917, op engem 12. Juni, d'Uropféierung vun der Oper "Palestrina" geleet huet a bis zu sengem Doud vum Wierk faszinéiert war. De Manuel Ribeiro huet am Kalenner zeréckgebliedert.