De Saarbrécker Staatstheater bereet sech op déi nei Saison vir, déi am September soll ugoen. Allerdéngs ass de Betrib elo schonn nees lues a lues ugaangen, fir och kënne Verschiddenes ze testen. Sécherheets- an Distanzreegele si prioritär, mee d'Kulturhaus huet sech vill Gedanke gemaach, fir an der Rentrée den neie Programm esou attraktiv wéi méiglech ze gestalten. D'lescht Woch war Pressekonferenz am Saarlännesche Staatstheater, an de Manuel Ribeiro war dohin.
arrow_back_ios