arrow_back_ios
Klassik aktuell
Alpekuliss a vill Musek
Déi perfekt Famill, déi am zockerséissen Dekor vun de Salzburger Alpen lieft, an een Déngschtmeedchen, dat sech an de Papp verléift, an de Wittmann um Enn och bestit: Méi brauch een am Fong geholl net, fir e Musical ze produzéieren, deem säi Succès garantéiert ass, zemools, wann den Duo Rodgers an Hammerstein fir Musek an Text suergen. "The Sound of Music" war an de 60er Joren ee vun de Renner um New Yorker Broadway an ass véier Joer um Stéck gelaf - bis de 15. Juni 1963.